• Whats New

  • Mitsch Matsch

  • Pädagogescht Konzept

  • Aschreiwung

  • Kontakt

  • More

    All Kand as anescht an sou och seng Entwécklung.

    Weien Grupp grad zum Kand passt an gutt fir et ass, gëtt reegelméisseg zesummen mat den Elteren gekuckt an decidéiert.

    ​

    "D'Wiermercher"

    2-15 Méint

    ​

    Eis Bëbeeën hunn hiren separten Grupp um Rez-de-chausée mat direkter Terrass fir eraus an den Gaart.

    Den Gruppenraum ass mat enger Kitchenett, fir d'Fläschen ze wiermen, an engem WĂ©ckelraum bei deem mir ganz vill Wäert ob Hygiène leen, ausgestatt. Direkt niewent dem Gruppenraum ass een SchlofzĂ«mmer wou d'Kanner no hirem Rhythmus schlofen kennen.

    Den Gruppenraum vun den BĂ«beeĂ«n gĂ«tt passend zum Thema "Wiermercher", mat waarmen Faarwen, Holz an gemittlechen Spill- an KuschelmĂ©iglechkeeten ageriicht.

    ​

    ​

    ​

    "Am BĂ«sch" 

    15 Méint - 4 Joer

    ​

    Ob eiser 2. an 3. Etage ass eng mĂ©i lass. Eisen "BĂ«sch" funktionĂ©iert an hallwen Niveau'en an ass opgedeelt an zwou Gruppen, d'HimmelsdĂ©iercher 15 MĂ©int-3 Joer an d'Kaweechelcher 3-4 Joer.

    Niewent den HimmelsdĂ©iercher befĂ«nnt sech een Schlofsall wou och si zur Rou kennen kommen. An engem groussen Kreativ- an Experimentesall kennen d'Kanner fuerschen an entdecken awer och pechen an klecksen.

    Den Highlight "am BĂ«sch" ass eis Holzrutschbahn dĂ©i d'Gruppen mateneen verbĂ«nnt.

    Och hei ass SĂ©cherheet grouss geschriwwen. D'Rutschbahn ass duerch Traapenschutzgitter gesĂ©chert, sou dass d'Kanner just Ă«nner Opsiicht vun Etage zu Etage rutschen kennen.

    Wei den Numm et seet gĂ«tt Thema Natur och bannen grouss geschriwwen. Vun den Faarwen bis zur Ariichtung ass alles waarm an häerzlech ofgestĂ«mmt.

    Mir leen vill Wäert ob Naturspillsaachen an Naturmaterialien.

    All Grupp huet een direkten Ausgang an den Gaart.

    ​

    ​

    ​

    "Frupsplaatz"

    ​

    D'Frupsplaatz ass eisen gemeinsamen Restaurant wou mir Ă«mmer all zesummen zu MĂ«tteg iessen. FrĂ«sch an ofwiesslungsräich gekacht krĂ©ien mir all Dag vun dem "Bistro Kaul".

    D'Frupsplaatz bitt och mat enger pädagogescher Kichen MĂ©iglechkeeten fir Back- an KachaktivitĂ©iten.

    ​

    ​

    ​

    "Am Gaart"

    ​

    D'HäerzstĂ©ck vun der Crèche ass eisen Gaart. Enner den Uebstbeem spillen, an der Matschkichen kachen, eisem GemĂ©is beim wuessen nokucken oder einfach nĂ«mmen am Gras den Wolleken nokucken, all dĂ«st drĂ©it zu enger gesonder EntwĂ©cklung vum Kand bei.

    Vir den Alldag vun den Kanner an der Crèche ofwiesslungsräich ze gestalten, gĂ«tt den Gaart genotzt souwuel vir pädagogesch AktivitĂ©iten wei och fir Fräispill vun den Kanner.

    D'Spillen am Gaart ermĂ©iglecht et de Kanner hier 5 SĂ«nner weider ze entwĂ©ckelen. Duerch upaken, richen an souguer schmaachen kennen d'Kanner der Natur Ă«mmer erĂ«m e SchrĂ«tt mĂ©i no kommen.

    ​

    ​

    © 2023 by Name of Site. Proudly created with Wix.com