top of page

All Kand as anescht an sou och seng Entwécklung.

Weien Grupp grad zum Kand passt an gutt fir et ass, gëtt reegelméisseg zesummen mat den Elteren gekuckt an decidéiert.


"D'Wiermercher"
2-15 Méint

Eis Bëbeeën hunn hiren separten Grupp um Rez-de-chausée mat direkter Terrass fir eraus an den Gaart.
Den Gruppenraum ass mat enger Kitchenett, fir d'Fläschen ze wiermen, an engem Wéckelraum bei deem mir ganz vill Wäert ob Hygiène leen, ausgestatt. Direkt niewent dem Gruppenraum ass een Schlofzëmmer wou d'Kanner no hirem Rhythmus schlofen kennen.
Den Gruppenraum vun den Bëbeeën gëtt passend zum Thema "Wiermercher", mat waarmen Faarwen, Holz an gemittlechen Spill- an Kuschelméiglechkeeten ageriicht.














"Am Bësch" 
15 Méint - 4 Joer

Ob eiser 2. an 3. Etage ass eng méi lass. Eisen "Bësch" funktionéiert an hallwen Niveau'en an ass opgedeelt an Themensäll.

Den Bauraum bitt den Kanner ennerschiddlechst Material fir ze bauen un. Bauklötz an allen Greissten, Brieder an Baumaterial verschiddensten Formen an Texturen ermeiglecht den Kanner no hierer Phantasie ze bauen an ze spillen.

Am Kreativ an Bewegungsraum kennen d Kanner Molen an Bastelen, Laafen an Sprangen. Verschiddensten Materialien stin den Kanner ob hierer heischt zur Verfügung, seu kennen sie zu All Zeit hierer Kreativiteit freien Laaf lossen.
Ob engem groussen Bou kennen d Kanner hier Klammkenscht austesten oder bei gezielten Bewegungsaktiviteiten matmachen.

Am Rollenspillraum gett et niewend engem Poppeneck seuwuel eng Spillkichen, een Kuschelzelt an och verschidden Reckzugsecken ob verschiddenen Ebenen. Seu kennen d Kanner an verschidden Rollen antauchen oder sech zreckzeien.

Ob der selweschter Etage befennt sech och den Snoozle/Schlofraum. Niewt der Mettesrascht kennen d Kanner do Bicher kucken oder snoozlen.
 

Den Highlight "am Bësch" ass eis Holzrutschbahn déi d'Raim mateneen verbënnt.
Och hei ass Sécherheet grouss geschriwwen. D'Rutschbahn ass duerch Traapenschutzgitter geséchert, sou dass d'Kanner just ënner Opsiicht vun Etage zu Etage rutschen kennen.

Wei den Numm et seet gëtt Thema Natur och bannen grouss geschriwwen. Vun den Faarwen bis zur Ariichtung ass alles waarm an häerzlech ofgestëmmt.
Mir leen vill Wäert ob Naturspillsaachen an Naturmaterialien.
All Grupp huet een direkten Ausgang an den Gaart.

 












"Frupsplaatz"

D'Frupsplaatz ass eisen gemeinsamen Restaurant wou mir ëmmer all zesummen zu Mëtteg iessen. Frësch an ofwiesslungsräich gekacht kréien mir all Dag vun
Food for Kids.

D'Frupsplaatz bitt och mat enger pädagogescher Kichen Méiglechkeeten fir Back- an Kachaktivitéiten.















"Am Gaart"

D'Häerzstéck vun der Crèche ass eisen Gaart. Enner den Uebstbeem spillen, an der Matschkichen kachen, eisem Geméis beim wuessen nokucken oder einfach nëmmen am Gras den Wolleken nokucken, all dëst dréit zu enger gesonder Entwécklung vum Kand bei.
Vir den Alldag vun den Kanner an der Crèche ofwiesslungsräich ze gestalten, gëtt den Gaart genotzt souwuel vir pädagogesch Aktivitéiten wei och fir Fräispill vun den Kanner.
D'Spillen am Gaart erméiglecht et de Kanner hier 5 Sënner weider ze entwéckelen. Duerch upaken, richen an souguer schmaachen kennen d'Kanner der Natur ëmmer erëm e Schrëtt méi no kommen.















 

IMG_5767.jpeg
EmbeddedImage.jpg
Mitsch-Match-Living-Room.jpg
IMG_1142.jpeg
378a893f-bc5d-4b46-8762-61c125aff1df.jpeg
IMG_1140.jpeg
bottom of page